CD-Klassik
Polnesch Romantik
13 min
Den Zygmunt Stojowski huet virop eng Karriär als Pianist gemaach, huet awer och reegelméisseg komponéiert. Seng Kompositiounsstudien huet hien zu Paräis um Conservatoire gemaach. Wéi 1901 de Philharmoneschen Orchester vu Warschau säin alleréischte Concert gespillt huet, stoung dem Zygmunt Stojowski seng Symphonie a ré mineur um Programm. Dëst Wierk an eng Suite fir Orchester huet d'Staatsphilharmonie Rheinland-Pfalz ënner der Direktioun vum Antoni Wit elo op Disk erausbruecht.