Klassik aktuell
Don Vivaldi: De roude Paschtouer
Dem Antonio Vivaldi säi Papp hat rout Hoer. Gewosst ass dat net wéinst Biller, mee wéinst sengem Spëtznumm "Rossi", also "Rout". Tatsächlech war dëse Spëtznumm esou geleefeg, datt hie spéider just nach Giovanni Battista Rossi genannt gouf. Och säi Jong hat rout Hoer - Obwuel hie mat sengem richtegen Numm ugeschwat gouf, ass d'Faarf och bei him ëmmer erëm ernimmt ginn: Hie war nämlech als "Pretre rosso", also als "roude Paschtouer" bekannt.
Wou d'Adjektiv rout hierkënnt, dat wësse mer elo. Wisou de Komponist vun de "Véier Joreszäiten" als Paschtouer bekannt war, doriwwer huet sech de Luc Boentges informéiert.