arrow_back_ios
CD-Klassik
De schéine Klang am Mëttelpunkt
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Véier franséisch Komponiste stinn am Mëttelpunkt vum Marc Coppey sengem aktuellen Disk. Um Programm stinn zwee Cello-Concertoe vum Camille Saint-Saëns a vum Édouard Lalo an dräi méi kuerz Stécker. Begleet gëtt de Marc Coppey an dësen Opname vum Orchestre Philharmonique de Strasbourg ënner der Direktioun vum John Nelson. Déi dräi Acteure sëtze bei hiren Interpretatiounen de schéine Klang an de Mëttelpunkt, mengt de Luc Boentges. Hien huet an dës nei Sortie era gelauschtert.