CD-Klassik
Pianist, Organist a Komponist
13 min
De Josef Labor ass eng musikalesch Perséinlechkeet, déi beandrockt. Vu Kandsbeen un blann, huet en d'Bengelen net bei Tromm gehäit, mee eng remarkabel Carrière als Pianist an och als Organist gemaach. 1904 krut en den Titel vum k. und k. Hoforganist. Bei allen Verpflichtungen als Interpret blouf och nach Zäit, fir äifreg ze komponéieren. Dank rezenten Disquenopname kënnt d'Musek vun dësem bal vergiessene Spéitromantiker nees zu Éieren. Den Ensemble Tris huet elo een Album mat Kammermusek vum Josef Labor erausbruecht.