CD-Klassik
En iwwerraschenden Cello-Optrëtt
11 min
Vun der Maria Bach huet ee warscheinlech nach näischt héieren. Vum Quintett op dësem CD héchstwarscheinlech och net, well en huet leider keen offiziellen Numm. Den Oliver Triendl, d`Marina Graumann, d`Nina Karmon, d`Öykü Canpolat an den Alexander Hülshoff interpretéieren de "Wolgaquintett" mat vill Prezisioun a Gefill. Nieft Kammermusek sinn och eng Sonat fir Cello a Piano, an ee Wierk fir Solo Cello dobäi. Zemools d`Suite suergt dofir, dass ee nom Lauschteren vun dësem CD verzaubert ass. D`Marie Schockmel presentéiert déi nei Produktioun.