De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet säin neien Disk publizéiert. Trotz dem Changement vum Label bleift de Programm koherent. Nodeems den Orchester dem Gioacchino Rossini seng "Petite Messe Solenelle" opgeholl huet, steet elo säi "Stabat Mater" um Programm.
De Luc Boentges huet sech mam Matthew Studdert-Kennedy, dem Head of the Artistic Planning Division vun der Philharmonie getraff, fir e puer Hannergrondinformatiounen zu dëser Publikatioun gewuer ze ginn.