Presserevue
Presserevue
4 min
E grousst Theema de Moien an den Zeitungs-Leitartikelen ass de Klimaschutz: "Die Hütte brennt", schreift de Michael Merten am Editorial am Lëtzebuerger Wort. D'Zäitfënster, déi der Mënschheet nach bleift, fir d'Klimakris ze meeschtere, wier kleng.
"Jeder Einzelne ist gefragt", heescht et zum selwechten Theema am Tageblatt-Editorial. Dem Cédric Feereisen no géifen den IPCC-Rapport net nëmme Regierungen an Entreprisen uschwätzen.
Vu "krasse Mängel" als Suite vun der Spuerpolitik am Gesondheetswiesen schreift dann den Ali Ruckert an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Datt d'Maternité am Centre Hospitalier du Nord zanter e Méindeg zou ass, hätt bei ville Mënschen am Norden e Schock ausgeléist.