arrow_back_ios
CD-Klassik
Flow
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
D'Annelien Van Wauwe huet niewent der Musek eng zweet grouss Passioun: De Yoga. E kontrolléierten Otem an d'Gefill vum Flow, sinn Elementer déi sech a béide Passioune spigelen. Op hirem neien Disk, dee si zesumme mat der NDR Radiophilharmonie ënner der Direktioun vum Andew Maze opgeholl huet, proposéiert si eng Symbiose aus béide Welten. Um Programm steet d'Optragskompositioun "Sutra" vum Wim Henderickx an de Clarinetteconcerto vum Wolfgang Amadeus Mozart.