Presserevue
Presserevue
4 min
Hanner der Propaganda bleift eng Wourecht: dat stellt de Claude Molinaro a sengem Editorial am Tageblatt fest. Den Titel: "Der Krieg der Worte und der Bilder".
"Tanz um den Index", dësen Titel huet de Raymond Klein fir säin Editorial an der WOXX gewielt: dem OGBL géif et - leider - net ëm d'Klima goen, net ëm "déi Räich", mee - zu Recht - ëm den Index.
Vun enger kompletter "Funkstille" vu Säite vun der Regierung a Saache Pandemie schreift dann d'Diane Locorsais am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort: eng "Funkstille", zanter de groussen Deel vun de Corona-Mesuren den 12. Mäerz opgehuewe gouf.