Italien an de 50er Joren - eng Zäit mat groussen Operestëmmen - d'Maria Callas an d'Renata Tebaldi sinn nëmmen zwee vun den deemolege Staren. Den Numm Anita Cerquetti ass engem vläicht net esou bekannt. Obwuel hir Karriär nëmmen zéng Joer gedauert huet, ware grouss Optrëtter, dat an Italien an an Amerika, mat dobäi.
Den 13. Abrëll 1931 kennt si zu Montecosaro an Italien op d'Welt. D'Marie Schockmel kuckt op hir Karriär zeréck.