Presserevue
Presserevue
4 min
"Luxemburgs sechs mutmassliche Russland-Sünder": doriwwer informéiert haut d'Tageblatt. Et geet ëm Entreprisen, déi nach ëmmer Geschäfter mat Russland solle maachen. Zu dëse Lëtzebuerger Entreprisë sollen Accumalux, Astron, Global Fashion Group, OCSiAI, Paul Wurth gehéieren, an och CFL Multimodal, schreift d'Tageblatt.
Vun engem "trügerischen Politiker-Bild" schreift de Marc Schlammes am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort: Et geet ëm d'Fro vun den Duebelmandater vu Politiker.
Ëm d'Atomkraaft geet et haut am Leitartikel vun der Stéphanie Majerus am Lëtzebuerger Land: den Titel "Fissures". Dës Woch wieren op een neits Rëss an de Leitunge vum Killsystem zu Cattenom gemellt ginn.