Panorama
Panorama
12 min
Den Emmanuel Macron bleift franséische President. Hien huet sech am zweeten Tour géint d'Marine Le Pen duerchgesat, dat bei héijer Abstentioun, an dem beschte Resultat jeemools fir de rietsextreeme Rassemblement National
Fir de Macron war et eng Victoire ouni groussen Triumph, hien hätt de Message verstanen, sot de President, deen net Kontinuitéit, mee eng nei Ära versprach huet
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet sech de Moien op eiser Antenn erliichtert gewisen iwwer dem Emmanuel Macron seng Walvictoire
Am Zentrum vu Paräis huet d'Police hënt zwou Persounen an engem Auto erschoss
Den amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken an de Verteidegungsminister Lloyd Austin hunn an der ukrainescher Haaptstad Kiew de President Wolodymyr Selenskij begéint
A Slowenien huet déi kleng liberal Partei vum Entrepreneur Robert Golob d'Parlamentswale vu gëschter gewonnen. De Rietsnationalist a Premier Janez Jansa gouf ofgewielt