arrow_back_ios
CD-Klassik
Zwee fréi Wierker
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Am Joer 1904 grënnt dee rumänesche Komponist George Enescu een eegene Sträichquartett. Schonn zwee Joer virdru war hie Member vun engem Pianostrio ginn. Eleng dës Initiativen ënnersträichen, wéi e Stellewäert d'Kammermusek beim George Enescu hat - dat als Interpret awer och als Komponist. Mat 14 Joer schreift hien e Pianosquintett, an och déi zwee Wierker, déi et elo an enger neier Opnam gëtt - den éischte Pianostrio an den éischte Pianosquartett - si fréi Wierker.