De "Symphonieorchester Kiew" ass zanter gëschter an Däitschland op Tournée. Dat mat engem duebele Message, engem musikalesch-kënschtlereschen an engem politeschen. Um Programm sti Wierker vun ukrainesche Komponisten, dorënner de Maxim Berezovsky, een Zäitgenosse vum Wolfgang Amadeus Mozart.
De Michael Ernst vun der ARD huet sech mat der Geiistin Liza Zaitseva an dem Chefdirigent Luigi Gaggero vum Symphonieorchester Kiew ënnerhalen.