Klassik aktuell
Wou d'Uelzecht ...
6 min
"Wou d'Uelzecht ..." http://www.catherinekontz.com/wouduelzecht/ ass den Titel - et kéint een och froen, wou ass d'Uelzecht? D'Komponistin Catherine Kontz an d'Multikënschtlerin S.L. Grange hunn ee Klangparcours laanscht d'Uelzecht entwéckelt - vun der Quell zu Audun-le-Tiche bis an Esch eran. Iwwer 15 Statioune geet een der Uelzecht no an erlieft an ënnerschiddleche Klanggeschichten d'Stad, wéi se fréier war an haut ass.