arrow_back_ios
CD-Klassik
Buenos Aires Resonances
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Traditioun vum argentineschen Tango, vum besonnesche Flair vu Buenos Aires mat an d'21. Joerhonnert ze huelen, dat ass de But vum Komponist a Bandoneon-Spiller Omar Massa. Hie mécht dat duerch déi passend Besetzung vu sengem Massa-Trio, virun allem awer duerch seng Musek - nei Kläng am Geescht vun der Traditioun. Net fir näischt heescht säin neien Album "Buenos Aires Resonances".