CD-Klassik
Iberian Dances
11 min
Spuenesch Dänz hunn näischt mat de Postkaarte-Motiver aus der Vakanz ze dinn. Déi spuenesch Musek an hir folkloristesch Elementer hu vill Wuerzelen - ënner anerem där orientalescher, déi ganz enk mat der Geschicht vun der iberescher Hallefinsel verknëppt sinn. Wann de Juan Carlos Fernandez-Nieto also een Album mat spueneschen Dänz erausbréngt, dann ass et och eng musikalesch Sich a Verknëppung vu villen Traditiounen.