arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een Innovateur
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Wéi den Alessandro Scarlatti de 24. Oktober 1725 gestuerwen ass, war et séier eriwwer mat senger grousser Renommée. Obschonns de Komponist duerch säin net manner bedeitende Fils Domenico Scarlatti net ganz an de Vergiess gerode war, gouf seng Musek nach ewell ëmmer manner gespillt. Et huet iwwer 200 Joer gedauert, éier d'Spezialiste vun der Aler Musek sech nees méi intensiv mam neapolitanesche Komponist a sengem Wierk beschäftegt hunn. Den 2. Mee 1660 koum den Alessandro Scarlatti op Sizilien op d'Welt.