Et ass e Wierk, dat nëmmen e Geieconcerto hätt solle ginn, mee dunn och nach an eng Sonat verwandelt gouf. Rieds ass vum Dmitri Shostakovich senger Sonat fir Gei a Piano Opus 134.
Haut viru genee 53 Joer war d'Uropféierung vun der Sonat, dat mam Geiist David Oistrakh an dem Pianist Swiatoslaw Richter an der Great Hall vum Conservatoire zu Moskau.
D'Marie Schockmel kuckt zeréck op d'Geschicht vun dësem Wierk.