CD-Klassik
E musikalesche Libesbréif u Paräis
13 min
Paräis - d'Stad vun der Léift. Och d'Ana de la Vega huet do, ganz onerwaart, hir grouss Léift weider entwéckelt - déi fir d'Flüttemusek. Zesumme mam Pianist Paul Rivinius huet si elo Wierker vu Komponisten opgeholl, déi op déi eng oder aner Manéier mat der franséischer Haaptstad verbonne sinn - ënner anerem vum Jules Massenet, vun der Lili Boulanger a vum Erik Satie. D'Marie Schockmel huet dës nei Sortie gelauschtert.