CD-Klassik
Strauss, emol anescht!
13 min
Et kléngt scho bal ironesch: verschidde Museker aus dem Orchestre de Paris di sech zesumme fir Kammermusek ze spillen, an op de Programm setze si en Orchesterstéck. "Till Eulenspiegel, einmal anders!" ass den éischten Titel um aktuellen Album vum Ensembel Le OFF. Niewent der Toundichtung stinn nach dräi aner Wierker vum Riachard Strauss um Programm, dorënner seng Metamorphosen. Original fir 23 Sträicher geschriwwen, héiert een d'Kompositioun hei an enger Versioun vir siwe Stéck.
Et ass eng interessant Aart a Weis, déi bekannt Wierker vum Richard Strauss nei z'entdecken, mengt de Luc Boentges.