Mat engem Optrëtt vum Jean Muller, den 22. Mee 2022 an engem vum A-Trio, den 29. Mee organiséiert de Camille Kerger direkt zwee Concerte mat Bezuch op de Krich an der Ukrain.
Wärend de Pianist e Programm op Basis vun de Biographië vun den ausgewielte Komponisten zesummegestallt huet, ass den A-Trio mat zwee Memberen aus Russland an engem aus der Ukrain ganz direkt vum Krich betraff.
De Luc Boentges huet mam Camille Kerger iwwer dës Concerten a säi private "Salon" geschwat.