CD-Klassik
Eng Symphonie, zwee Finale
13 min
"Ich bin zur vollen Überzeugung gelangt, daß meine 4. romantische Symphonie einer gründlichen Umarbeitung dringend bedarf". Alt nees war den Anton Bruckner mat enger vu senge Symphonien net zefridden a schreift se ëm. Fir déi 4. Symphonie geheit hie virun allem de Finale ganz op d'Kopp. A senger neier Integrale mat de Burckner-Symphonien en Vue vum 200. Gebuertsdag vum Komponist am Joer 2024, proposéiert de Markus Poschner elo déi 4. Symphonie mat als Bonus den urspréngleche Finale. Et ass awer net just dës nei Vue op de Schluss, déi d'Opnam esou spannend mécht.