Tëschent hire momentanen Optrëtt an der Wiener Staatsoper, wou si och Member vum Operestudio ass, kënnt d'Patricia Nolz fir d'éischte Kéier fir e Concert op Lëtzebuerg - dat an d'Philharmonie. Zesumme mam Pianist Christoph König - Chefdrigient vun de Solistes Européens, Luxembourg - interpretéiert déi jonk Mezzosopranistin Lieder an Operenarien, ënner anerem vum Joseph Haydn a vum Gioacchino Rossini. D'Marie Schockmel huet sech mat der Sopranistin iwwert dëse Concert an hir Karriär an der Wiener Staatsoper ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vun der Wiener Staatsoper bis an d'Philharmonie
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
