CD-Klassik
Cello a gogo
10 min
1920 schreift de Julius Klengel een Hymnus fir 12 Celli an domadder huet de bekannten Cellist a Pedagog spéider den Ustouss fir d'Grënnung vun den 12 Celliste vun de Berliner Philharmoniker ginn. Dëst Wierk fanne mer och op deem neien Album "48 Strings" mam Andreas Brantelid a villen Celliste-Frënn. Si presentéieren déi ganz Bandbreet vu Musek exklusiv fir Cello - vum Solo-Stéck bis bei Musek fir eng Dosen Celli - also 48 Säiten.