arrow_back_ios
Klassik aktuell
Duerch eng Epidemie entstanen
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
1634 waren zu Oberammergau déi éischt Passiounsspiller. Domadder gouf e Versprieche vum Joer virdrun ageléist, wéi d'Oberammergauer um Héichpunkt vun der Pescht decidéiert haten, all zéng Joer d'Passioun opzeféieren, wa keen Awunner vun der Stad un der Epidemie méi géif stierwen. D'Verspriechen huet bis haut gehalen. Dëst Joer sinn déi 42. Passiounsspiller, déi nach bis den 2. Oktober lafen.
Musek