E Flüttenorchester, eng Soloflüttistin an een Didgeridoo - dat ass d'Konstellatioun vum Concert den Owend um 19:30 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. 24 Flüttiste gehéieren zur Stammbesetzung vum Orchestre de flûtes français - en Ensembel, deen international vill gefrot ass. Den Owend ass den Ensembel an der Philharmonie zesumme mat der Hélène Boulègue als Solistin. D'Hélène Boulègue ass Flüttistin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.
Eng ganz Instrumentefamill op der Bün
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow