arrow_back_ios
CD-Klassik
Schlusspunkt vun enger Intégrale
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
De Schwäizer Komponist Joseph Lauber, Professer vum Frank Martin, huet sechs Symphonië geschriwwen. Keng Eenzeg gouf publizéiert. D'Manuskripter vun de Wierker leie bis haut am Archiv vun der Universitéit zu Lausanne. Do huet den Dirigent Kaspar Zehnder d'Partituren entdeckt a se mam Sinfonieorchester Biel-Solothurn am Concert an elo och op Disk nees reaniméiert. Mat de Symphonien Nr. 4 a 5 ass d'Intégrale elo komplett.