CD-Klassik
Prussian Blue
11 min
Prussian Blue oder Berliner Blau ass eng vun den éischte syntheetesch produzéierte Faarwen. Déi wëssenschaftlech Grondlage goufen ënner anerem op der Preussischen Akademie der Wissenschaften zu Berlin geluecht. D'Erfuerschung vum Berliner Blau passt beschtens an d'Zäit vun der Opklärung, an d'Zäit vun der Herrschaft vum Friedrich II. vu Preussen, deem musesch-philosophesche Kinnek. Musek fir Flütt, déi um preussesche Kinnekshaff entstanen ass, ass den Theema vum neien Disk vun der Sophia Aretz (Flütt) an dem Alexander von Heiβen (Cembalo).