Klassik aktuell
Mat frëschem Elan
4 min
Iwwermuer Samschdeg ass grousse Saison-Finish fir Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern - déi gewinnt Klassik am See zu Losheim. Domadder geet eng Saison mat villen Ongewëssheeten, mat Restriktiounen, Ofsoen an Ëmännerungen op en Enn. Dat wäert hoffentlech fir d'Saison 2022/2023 net méi de Fall sinn. Deutsche Radio Philharmonie huet op alle Fall nees eng komplett Saison geplangt - och nees mat den üblechen Abonnementsconcerten.