arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Première
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter de Jules Verne 1865 säi Roman "De la Terre à la Lune" publizéiert hat, war d'Utopie vun enger Rees op den Äerdtrabant an de Käpp vu ville Leit, och vu ville Kënschtler. Et dauert net laang, an de Jacques Offenbach entdeckt d'Geschicht als Sujet fir eng Oper, dës Kéier allerdéngs keng Opéra bouffe, mee éischter eng Zort Märchenoper, déi et elo fir d'éischt iwwerhaapt integral op Disk ze héiere gëtt.