Panorama
Panorama
12 min
Eng Beleidegung fir d'Kannerrechter: Esou d'Kritik vum Gilbert Pregno de Moien op eiser Antenn iwwer d'Kommissioun, déi zoustänneg ass fir iwwer Retoure vu net begleete mannerjärege Flüchtlingen ze decidéieren
ESM: Et ass nach ëmmer keng Decisioun gefall, ob de Pierre Gramegna neie Chef vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus ESM gëtt oder net. Eng Decisioun kéint elo eréischt am September falen
Äerd-Observatiouns-Satellit Luxeosys: Kritik vum Rechnungshaff
ArcelorMittal: Filial am Kasachstan seet Liwwerungen u Russland géifen net géint EU-Sanktioune verstoussen
Honger: Klimakris, Kricher a Pandemie hunn d'Situatioun méi schlëmm gemaach, esou déi däitsch Welthungerhilfe
Wolodymyr Selenskyj: Weider Kritik wéinst Liwwerung vu Gasturbinn u Russland
Boris Johnson: Successioun soll 5. September bekannt ginn
Tour de France: Nom Roudag ass haut déi zéngten Etapp