CD-Klassik
Debut mat engem Norweger
13 min
De Christian Sinding gehéiert zu deenen norweegesche Komponisten aus der Spéitromantik, déi am Schied vum Edvard Grieg stoungen. Als Student huet de Sinding ënner der Direktioun vum Grieg gespillt. Seng eege Musek huet hir Wuerzelen an der däitscher Romantik - de Sinding huet zu Leipzig um Conservatoire studéiert. De Komponist schreift ënner anerem véier Symphonien an dräi Concerti fir d'Gei. Den éischte Concerto huet d'Lea Birringer elo opgeholl, kombinéiert mat engem Klassiker aus dem Repertoire: dem Concerto vum Felix Mendelssohn Bartholdy.