arrow_back_ios
CD-Klassik
Hommage un de Kino vun den 30er Joren
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Et war d'Marlene Dietrich am Film "Der blaue Engel", déi de Charles Koechlin duerzou inspiréiert huet, eng Symphonie ronderëm déi grouss Kinosvedettë vu senger Zäit ze schreiwen. Am Fong hat de Koechlin fir Ingenieur studéiert, huet de Studium awer wéinst enger Tuberkulos missen ënnerbriechen. Um Enn war den Ingenieur vergiess, an de Charles Koechlin gëtt Komponist, dee sech fir de Film begeeschtert. Esou entsteet 1933 seng "Seven Stars Symphony", déi et elo an enger neier Produktioun mam Symphonieorchester Basel gëtt.