CD-Klassik
Dem Sibelius säi lescht Wuert
13 min
Mat 61 Joer, no der Première vun der Toundichtung "Tapiola" hat de Jean Sibelius alles gesot. Hien huet sech op säi Landsëtz Ainola zeréckgezunn an - ausser Korrekturen u bestoende Wierker - keng eenzeg Nout méi geschriwwen. De Sibelius hat erkannt, datt hie säi Vocabulaire ausgereizt hat, an datt hien och an der Symphonie näischt Neits méi bäizedroen hätt. 1924 hat hie seng 7. Symphonie, seng lescht Symphonie komponéiert. Elo hunn den Nicholas Collon an de finnesche Radiosorchester d'Wierk nei opgeholl, zesumme mat "Pelléas et Mélisande" an der Bünemusek fir "König Christian".