CD-Klassik
Penderecki, Ryu a Shostakovich a vill Virtuositéit
10 min
Dem Krzysztof Penderecki louchen enk Frëndschafte mat bestëmmte Museker um Häerz. Den Cellist Arte Noras huet e puer Säz aus dem polnesche Komponist senger Suite fir Solo Cello uropgeféiert, an de Komponist Jeajoon Ryu war ee vu senge Studenten. Allen zwee sinn op dësem Disk vertrueden. Den Arte Noras spillt mat grousser Virtuositéit, wärend de Ralf Gothóni e ganz preziist Spill um Piano virweist. D'Marie Schockmel huet an dës Sortie gelauschtert.