CD-Klassik
Sechs, siwen, aacht
11 min
Et ass jo näischt méi spannend, wéi Decouverten déi Säit vum gängege Repertoire ze maachen. Jozef Elsner, Jozef Wladyslaw Krogulski a Feliks Dobrzynski si polnesch Komponisten aus dem 19. Joerhonnert, déi definitiv weder dacks op Concertsaffichen ze liese sinn, nach op CD-Coveren. An dat ass e bësse schued, wéi dës nei Opnam mat Kompositioune vun den dräi Komponiste fir Sextett, Septett an Oktett weist.