CD-Klassik
Hommage un de Rossini
12 min
"Alle haben Spaß an meiner Musik.", sot den Gioacchino Rossini emol iwwer seng Operen. De Rossini war e Star zu senger Zäit, seng 39 Operen haten enorme Succès uechter ganz Europa. Et verwonnert deemno net, datt et vun deene beléiftste Melodien eng Onmass vu Beaarbechtunge gouf. Et entsteet eng Rossiniana no där anerer - Potpourrie mat deene populäersten Arien.
De Sigismund Thalberg huet sech och vun deem Rossini-Féiwer ustieche gelooss, allerdéngs eng aner Fassong fir säin Hommage fonnt: 24 Pensées musicales, déi de Francesco Nicolosi elo opgeholl huet.