Panorama
Panorama
12 min
Gëtt de Verbuet vu Glyphosat hei am Land gekippt? Bayer hat e Recours géint déi Decisioun vun der Regierung ageluecht a krut elo an éischter Instanz Recht. D'Regierung geet an Appell
D'Regierung wëllt den Ament nach net iwwer eng Verlängerung vum Tankrabatt diskutéieren
De Grupp Encevo gouf vun enger Cyberattack getraff, dobäi wieren Donnéeë verschwonnen
Haut ass de globalen Overshoot Day, deen Dag op deem d'Mënschheet déi komplett biologesch Ressourcë vun engem Joer opgebraucht huet. Lëtzebuerg huet deen Dag schonn am Februar erreecht
D'Lëtzebuerger Residentë sinn 2021 bal zwou Millioune mol fir méi wéi een Dag an d'Ausland gereest