CD-Klassik
Eng bedeitend Symphonikerin aus der Romantik
12 min
"Music From The Shadows" - den Ënnertitel vun dësem Album huet e Kär Wourecht, well d'Emilie Mayer als Komponistin aus dem 19. Joerhonnert sécher am Schied vu villen Zäitgenosse steet. An awer ass dësen Titel um Enn och just e Verkafsargument, wéi wann d'Musek vun der Emilie Mayer nëmmen eng Curiositéit wier. Dobäi ass et richteg staark Musek, déi ee wierklech entdecke sollt.