CD-Klassik
Keng Spuer vu Middegkeet
13 min
"Steh hier nicht still, Nachahmer, Denn du mußt erröthen, wenn du bleibest, Karl Philipp Emanuel Bach, der tiefsinnige Harmonist, vereinte die Neuheit mit der Schönheit" - Verse vum Friedrich Klopstock fir d'Bach-Denkmal an der Michaeliskierch zu Hamburg.
Dem Carl Philipp Emmanuel Bach ass et net vill anescht gaange wéi sengem berüümte Papp. No sengem Doud geréit seng Musek an de Vergiess. Eréischt 1905 publizéiert dee belsche Musekolog Alfred Wotquenne deen éischte "Catalogue thématique des œuvres de Charles Philippe Emmanuel Bach". An deem Katalog sti ronn 50 Concerti fir de Piano, déi de Michael Rische alleguer wëllt ophuelen.