Panorama
Panorama
11 min
1. D'Hausse vun de Gaspräisser ëm ronn 80 Prozent gouf annoncéiert. Mee wat ass de Grond? Mir hunn nogefrot
2. Alternativ Energie-Sourcen zu Gas a Pëtrol: D'Geothermie kéint zu Lëtzebuerg vill Potential hunn. Zu Diddeleng leeft e Pilotprojet
3. De Peegel vum Rhäin ass zu Kaub a Rheinland-Pfalz weider zeréckgaangen op nëmmen nach 42 Zentimeter
4. An der Arktis wieren d'Temperature vill méi séier geklommen, wéi virdrun ugeholl gouf, soe Wëssenschaftler an enger neier Etüd
5. D'Atom-Energie-Agence vun der UNO fuerdert weider direkt Accès an déi ukrainesch Atomzentral zu Saporischschja
6. Déi däitsch Bundeswehr suspendéiert hiren Asaz am westafrikanesche Land Mali am Kader vun der UNO Missioun
7. De fréiere Kanzler Gerhard Schröder hätt seng speziell Rechter als ex-Kanzler gär erëm an huet dofir den Däitsche Bundestag verklot