Klassik aktuell
E spektakuläre Concert mam Carillonneur Fabrice Renard
14 min
De Carillon: et ass en Instrument, vun deem warscheinlech déi mannst wëssen, datt et et gëtt. An der Basilika zu Iechternach steet ee Carillon - dat uewen an engem vun den Tierm, op enger Héicht vun ongeféier 80 Meter a just iwwer méi wéi 100 Träppleker erreechbar. Véier Mol mëttwochs am Summer spillt de Fabrice Renard, de Carillonneur vun der Basilika, hei e Concert. D'Marie Schockmel war an ee Concert lauschteren an huet sech mam Fabrice Renard ënnerhalen.