CD-Klassik
Eng perfekt Balance tëschent Rou a Chaos
13 min
Wann eng Musek vun engem anere Konschtwierk inspiréiert ass, da kann dorausser nëmmen eppes Grousses ginn. Esou ass et de Fall beim Arvo Pärt sengem Wierk "Lamentate", deem seng zéng Deeler d'Filharmonie Brno zesumme mat der Pianistin Maki Namekawa op eng immens spannend Aart a Weis eriwwerbréngen. Och "Nekrolog" an déi 3. Symphonie vum estnesche Komponist spillen d'Museker mat enger perfekter Balance tëschent Rou a Chaos, fënnt d'Marie Schockmel.