Panorama
Panorama
10 min
1. Vum 18. September u wäert d'Regierung mat de Sozialpartner fir Tripartiteverhandlungen zesummekommen. De Premier huet och Hëllefe wéinst der Energiekris an Aussicht gestallt
2. D'EMA, déi Europäesch Medikamentenagence, warnt virun enger neier Covid-Well am Hierscht
3. Nächst Woch gi ronn 80.000 Dosen neie Covid-Vaccin geliwwert, den Impfzenter um Lampertsbierg geet nees op
4. D'EU Kommissioun wëllt d'nächst Woch e Projet virstellen, mat deem an den Energiemarché agegraff gëtt, virun allem d'Stroumpräisser solle punktuell limitéiert ginn
5. Russland ass elo bereet fir an den nächste Méint bis zu 30 Milliounen Tonne Weess ze liwweren