CD-Klassik
Musek nach aus Friddenszäiten
14 min
Den 10. Dezember gëtt et 200 Joer, datt de César Franck zu Léck op d'Welt koum. Dëse ronne Jubiläum steet scho längst am Agenda vu Kënschtler, Concertsorganisateuren a Plakkelabelen. An deenen nächste Wochen a Méint wäerten en etlech Opname mat der symphonescher Musek oder den Uergelwierker vum César Franck erauskommen. Deen aktuellen Album vum Label Guild mat ënner anerem de "Variations symphoniques" ass allerdéngs e ganz besonneschen - net just wéinst der Musek.