CD-Klassik
Rumänesch Symphonik aus dem 20. an 21. Joerhonnert
10 min
De Radu Paladi (1927-2013) war a senger rumänescher Heemecht eng bedeitend musikalesch Perséinlechkeet - als Komponist, Dirigent, Interpret an och Pedagog. Aus dem ganz breetgefächerte Katalog huet d'Württembergische Philharmonie Reutlingen dräi symphonesch Wierker opgeholl: d'Suite "Das Zauberflötchen" vun 1954 an dem Radu Paladi seng zwee Concerti fir de Piano a fir d'Gei aus de spéide Joren.