CD-Klassik
Premièren op Disk
10 min
"Je suis resté un mélodiste", sot dee franséische Komponist Henri Tomasi. Et ass natierlech net d'Melodie, wéi mir se aus der Klassik oder der Romantik kennen. Obschonns dem Henri Tomasi seng Musekssprooch modern ass, verléiert hien ni den Auditeur aus den Aen, deen den Adressat vu senge Kompositiounen ass. Esou entsteet e ganz ofwiesslungsräiche Wierkkatalog, an deem bal all Instrument mat engem Concerto zu Wuert kënnt. Elo huet d'Stéphanie Moraly de spéide Geieconcerto opgeholl an och all déi aner Wierker vum Henri Tomasi fir d'Gei - de Gros dervu si fir d'éischt iwwerhaapt op Disk ze héieren.