arrow_back_ios
CD-Klassik
A Moune
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Déi franséisch Geiistin Hélène Jourdan-Morhange war d'Interpretin vu villen neie Wierker aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert - Kompositiounen vum Arthur Honegger, vun der Germaine Tailleferre, dem Alexandre Tansman oder dem Florent Schmitt. Eng ganz besonnesch Relatioun hat d'Geiistin allerdéngs mam Maurice Ravel. Nom Doud vum Komponist war d'Hélène Jourdan-Morhange Grënnungsmember vun der Fondation Maurice Ravel. Elo goufen d'Wierker, déi de Ravel fir d'Geiistin geschriwwen hat, nei op Disk opgeholl.
Musek