CD-Klassik
D'Liicht um Enn vum Tunnel
11 min
E Wierk matten an der Pandemie komponéieren, an no der Pandemie säin Debut-Album erausbréngen? Dat huet den tierkesch-däitsche Pianist Burak Çebi elo gemaach. Op sengem Album mam Titel "Lichtblicke" interpretéiert hien nieft sengem eegene Wierk mam selwechten Titel och nach Stecker vun dräi aneren tierkesche Komponisten a vum Franz Schubert. Insgesamt ass et eng Produktioun, déi mat vill Léift zum Detail gemaach gouf. D'Marie Schockmel huet an dës Sortie gelauschtert.